Sorry, dass ech elo réischt äntweren, mee ech hu dëse Post lo réischt gesin...
geohei wrote:Wells du Kabel hues ... waat ass den Ennerscheed zu LuxDSL?
Technesch gesin sin et 2 verschidde Puer Schong, mee daat spillt fir de User keng Roll.
Et brauch ee just en Cablemodem amplaaz vum DSLmodem (waat jo och normal as).
Qualitativ as de Cable besser wéi eisen DSL vun der Post: cf.
viewtopic.php?t=155
Beim Pingtest schneid en och besser of wéi den DSL.
Praktesch get et keen Ennerscheed.
Ech war ganz zefridden mam CableTV an haat och keng gréisser Problemer domat.
Deen eenzegen Nodeel bei mir war dass d'Eltrona just d'Hardware stellt an Luxembourg Online den ISP as (bei der Coditel as daat anescht, déi sin och ISP). Wann nämlech e Problem as, dann as et emmer deen aaneren
geohei wrote:Wanns du den Choix häss, waat géif du huelen?
De Choix hun ech gemaach a mech wéinst dem Präiss fir den RestenaDSL endscheed.
Bei Eltrona kascht den 1024/128 kbps (onlimitéierten Download) 40€ de Mount bei der Restena 24€.
Soss kann ech den CableTV awer nemmen recommandéieren.